Unter Termine

 

 

 

7. Juli   :     1. Hellefscours   fir  eis Ridgebacken  !!!!!

                                         affilié à la CCAC - membre de la FCL  &   FCI

Et freet mech, hei den eenzegen, an och nach jonken lëtzebuerger Rhodesian Ridgeback Club dierfen virzestellen.

Den RRCL as 2007 gegrënnt ginn.

D’Idee koum op engem Trëppeltour, deen e puer RR-Fans regelméisseg, zesummen mat hiren Ridgien gemeet hunn. Deen Dag do, ass bei enger Quetschentaart an Kaffi zu Bettenduerf de Grondsteen fir den RRCL geluecht ginn.

An eiser Grënnungsversammlung zu Veianen hunn sech direkt 14  Memberen ageschriwwen.

Natierlech haten mir Ulafschwieregkeeten, déi mir awer, dat trauen ech mech ze soen, gutt gemeeschtert hunn. Lues a lues si mir aus eisen Kannerschong erausgewuess. De Moment zielen mir 60 Memberen mat 47 Ridgebacken.

Eis Statuten sinn 2009 enregistréiert ginn ( RCS –F-7988 ). Den 28. Januar si mir un d’CCAC affiliéiert ginn ( FCL – FCI )  an hunn eis definitiv an der Ridgeback-Welt etabléiert.

 

Haaptzil vum RRCL ass virun allem Informatioun.

 

Duerfir organiséieren mir Trëppeltiir an allen Deeler vun eisem Ländchen. Do begéinen RR-Leit sech an do kennen hir Muppen « den Ridgeback eraus loossen ». Ridgeback-Fans léieren sech kennen, tauschen Erfahrungen aus an erzielen hir RR.Spiichten.

All Joer sinn Konferenzen oder Seminaren , z.B. Herausforderung Rhodesian Ridgeback mat der Dr.nat. Ute Blaschke Berthold, Trainerin und  Verhaltenstherapeutin, oder  Ridgeback Spaziergang mit Dieter Degen, oder am Abrëll vun dësem Joer: Rassespezische Ridgeback Erkrankungen mam Peter Obschernicat, Veterinär an erfuerenen RR-Ziichter.

Den 19. November war eng Konferenz : Physiotherapie bei Hunden, an och fir 2012 gëtt de Programm interessant.

Nummer 1 vun eisen Aktivitéiten ass all Joer eisen Fun Day am Hierscht, deen ëmmer méi beléift gëtt an vill Leit unzitt.

E speziellen Hiwäis nach : Beim RRCL sinn all Ridgebacken, ob mat oder ouni Pabeieren wëllkomm. Och déi brauchen Info an Ënnerstëtzung.

All weider Infoen an Kontakter fannt dir hei op der HP


Lily Scozzai

Presidentin RRCL